Motif kabarettmarsklein

Päerd sinn och nëmme Mënschen

 

E litteraresche Galopp op zwee a véier Been

Fir d’Musek: Rudi Schubert   Fir d’Wuert: Mars Klein   

Vun 1978 bis 1982 huet de Mars Klein als Solo-Kabarettist säin Deel bäigedroen bei d’lëtzebuergesch satiresch Bühne-Litteratur. No laanger Paus huet en 2012 mam Claude Mangen a Rudi Schubert Adel braucht Tadel - Republikanesch Texter vom 18. Joerhonnert bis haut am Mierscher Kulturhaus gespillt.
Fir en neien Ensembel huet en elo „klassesche Kabarett“ mat Texter vu lëtzebuergeschen an däitschen Auteuren zesummegestallt: Heinrich Heine bis Roger Manderscheid, Kurt Tucholsky bis Mars Klein - an enger Dosen aneren. Kuerz Prosa, Gedichter, Chanson, Zeenen - et geet vun zériöser Réflexioun bis bei witzegt Spill. Vill dovunn gëtt gesongen - alles vertount vum Rudi Schubert.
Am éischten Deel Wee raaft? Wee schaaft? geet et vum Héich-Uewen bis bei déi „kleng Leit“. Den zweeten Deel Mann a Fra: Er(r)otika weist Biller vun der Léift: Entusiassem, Realissem, Frivolitéit, Onzériösitéit, Verspilltheet, Niëwt-Enaner. Datt et och Texter gët iwer Päerd - nët ouni remarkabel Änlechkeete mat eis Mënschen - dat steet jo am Titel.

Op der Bühn si mam Mars Klein:    
D’Véronique Kinnen. Huet vill Rollen aus Dicks-Operette gesongen. 2014 d’Armida an der Oper „Rinaldo“ vum Händel. 2015 Chanson an der Museks-Revue „Frou-Frou“ ënner der Régie vum Claude Mangen.
D’Sabine Rossbach. Spillt zënter 2012 professionell. Eng Rei Engagementer fir Film, Televisioun a Bühn op Däitsch, Englesch, Franséisch a Lëtzebuergesch.
De Rudi Schubert. Huet Piano-Concertë ginn fir d’Jeunesses musicales. Musikalesch Radio-Spiller fir Kanner geschriwwen. Lieder a Chanson komponéiert.


De Spektakel dauert 2 x 40 Minutten.

 

 

Vorführungstermine:

am 26. 27. und 28. Mai - 20 Uhr

Motif kabarettmarsklein