Cojellicos Jangen, Foto

d'Cojellico's Jangen

Lëtzebuerger Gesanksquintett

Den 30. Abrëll um 20 Auer am Kasemattentheater

D’Cojellico’s Jangen (kuerz: d‘Jangen) sinn e Lëtzebuerger Gesanksquintett mat Pianosbegleedung. Mat Frack a Brillantine sangen an arrangéieren d’Jangen Lëtzebuerger ‚Schlager‘ am Stil vun de Comedian Harmonists. Nieft bekannte Lidder wéi Dem Wirsch seng Wueden oder D’Lidd vum Kachkéis leeën d’Jange Wäert drop, hirem Publikum och manner bekannt Lëtzebuerger Lidder aus den 1920er an 1930er Jore virzestellen. Also Usprochsvoll, stëmmungsvoll an zougänglech zugläich.

Den Ensembel ass am Mäerz 2011 zu Gréiwemaacher
am Stued Theater entstanen. En ass genannt nom Lidd Cojellico’s Jang vum Auteur vu Revue-Stécker Thériente. „Bei einem kühlen Humpen, da saß Cojellico’s Jang – mit einem Zigarstumpen und einem belschen Frang...“. Dat sinn d’Wierder vum Lëtzebuerger Dichter a Revue-Auteur Jean-Pierre Welter alias Thériente. „In einem kühlen Grunde, da geht ein Mühlenrad – mein Liebchen ist verschwunden, was dort gewohnet hat...“. Dës Wierder huet de berühmten däitsche Romantiker Joseph von Eichendorff originalerweis op déi selwecht Musek verfaasst...

 

Cojellicos Jangen, Foto

Vorführungstermine:

den 30. Abrëll um 20 Auer