foto Fräiheetslidder Manifestatioun 70er Joren

Lëtzebuerger Fräiheetslidder II 1945 bis haut

mam Eugénie Anselin, Jean Bermes, Laurent Kohn a Georges Urwald

Arrangementer an Musekauswiel Georges Urwald

Konzept, Musek- an Textauswiel Marc Limpach Koproduktioun vum Kasemattentheater mam Zentrum fir politesch Bildung 

Nom groussen Erfolleg vum éischte Projet „Lëtzebuerger Fräiheetslidder“, deen d’Joren 1830 bis 1944 beliicht huet (a mat de Wierder „to be continued“ opgehalen huet), sinn dës Kéier historesch Lidder aus der Zäit nom 2. Weltkrich op der Bün vum Kasemattentheater ze gesinn an ze héieren. Besser wéi vill aner historesch Quelle kënne politesch an engagéiert Lidder d’Gefiller vu Mënschen aus dem Vollek hannert den historeschen Evenementer konservéieren an ëmmer erëm frësch ausdrécken: hir Freed, hir Ängscht, hire Stolz, hiren Humor, hir Roserei an hir Trauer. Historesch Lidder erzielen dobäi net just déi offiziell Geschicht vu Lëtzebuerg, mä si erlaben och eng aner Siicht op déi Geschicht: en Abléck an d’Gedanken an d’Gewësse vun de Mënsche vun deemools. Lidder vun der Strooss an aus Zeitungen a politesche Revuen a virun allem, zanter den 1970er Joren, aus dem politesche Cabaret. Si erziele sozial a politesch Konflikter an domat, op eng lieweg Manéier, lëtzebuergesch Geschicht vun ënnen. Well nom 2. Weltkrich net méi esou vill anonym Volleks- a Spottlidder entstane si wéi nach virun oder wärend dem Krich, gräife mer hei besonnesch op de politesche Cabaret aus der jeeweileger Zäit zréck, dee jo eng grouss Traditioun zu Lëtzebuerg (an och am Kasemattentheater) hat. Vun dëse Lidder sinn d’Auteure bekannt: Josy Braun, Pol Pütz, Jemp Schuster, Jhemp Hoscheit a vill anerer. D’Theeme vun deene verschiddene Lidder aus deene verschiddenste Quelle sinn esou villfälteg wéi d’lëtzebuergesch Geschicht: Epuratioun, Kale Krich, Gehälterrevisioun, Miniräck, italienesch a portugisesch Immigratioun, 68, Schülerstreik, Oprüstung, Buergfried-Affär, Ëmweltbewosstsinn, Fraebewegung, Justizpolitik vun der sozialliberaler Regierung, Rassismus, Aussepolitik a Mënscherechter, Poopstbesuch, Mauerfall, Jenny a Menny, Konsumgesellschaft, Lëtzebuerger Identitéit(en), Wunnengsnout asw. Déi historesch Lidder gi vum Georges Urwald frësch arrangéiert an zum bessere Verständnis a kuerz Extraiten aus deemolegen Zeitungsartikelen oder historesch Erklärungen agebett.

Diese Lesung ist für Blinde und Menschen mit Sehbehinderung geeignet.

Vorführungstermine:

abgesagt / annulé