Motiv Nornen

Nornen

mam Frédérique Colling, Catherine Elsen an Anne Klein

Konzept a Regie Jacques Schiltz, Claire Wagener

Kostüm a Bünebild Michèle Tonteling
Luucht Marc Thein
Textdramaturgie Samuel Hamen
Produktiounsleedung Jill Christophe

Eng Koproduktioun vun Independent Little Lies - ILL mam Escher Theater a mam Kasemattentheater
Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère a vun der Stad Esch-Uelzecht

Ronderëm e Buer stinn dräi Fraen a flechte Seeler. Et si mystesch Gestalten, Schicksalsgëttinnen, och „Nornen“ genannt. Et ass net Är Schold, wann Dir nach ni vun hinnen héieren hutt. Ze laang goufe si am Schied vu méi lukrativen nordeschmythologesch-marveleske Personnage wéi Thor, Odin a Loki vergiess. Héchsten Zäit, datt och hir epesch Geschicht erzielt gëtt. D’Geschicht vun hirem Asaz fir d’Gläichgewiicht vum Universum, vun hirem Kampf géint d’Muechte vum Chaos, d’Geschicht dovunner, wéi si d’Geschicht vun alle Geschichten erfanne mussen, fir d’Gëtter an déi Stierflech an hirem Bann ze halen.

Nornen ass eng dynamesch Stéckentwécklung, bei där d’Regie wärend de Prouwen zesumme mat de Schauspillerinnen doriwwer nodenkt, wat dat heescht: Geschichten erfannen a verzielt kréien. Si si tatsächlech de Koll, deen d’Gesellschaft zesummenhält? A wat hu si eis haut nach ze soen, déi al Geschichten, déi un dësem Owend eng nei Gestalt wäerte kréien?

No hire gemeinsame Regieaarbechten, déi oft eng collage-aarteg Approche haten (À la recherche des temps modernes, Weinender Mond), probéieren de Jacques Schiltz an d’Claire Wagener bei dëser Kreatioun zréckzefannen op en narrative Fuedem, dee vun Ufank bis Schluss gesponne soll ginn. Vläicht ass et Zäit, nei Mythen an den Theater eranzeloossen, déi eis zesummebréngen an op en neits fir dat Grousst a Schéint am Mënsch begeeschtere kënnen.

Vorführungstermine:

Virstellungen de 3. 4. 11. an 12. Juli 2024 um 20 Uhr

Logos