Motif TRICK Zeichnung von Michelle Weyer

TRICK

mit Irina Chechulina, Lis Dostert, Nataša Grujovic, Luc Schiltz und Philippe Thelen

Regie Moritz Schönecker

Bühne Benjamin Schönecker und Jan Schnase
Kostüme Veronika Bleffert

“Der Aminatrix hir magesch Wanderbün.“ Dat war den Numm vun der Trupp vun der bekannter Zauberin Aminatrix. Deemools. An engem frieme Land, dat hautdesdaags vu Krich a Leed geplot ass an deem säin Numm kaum ee méi sech auszeschwätze wot. D’Zauberin huet hiert Land scho laang verlooss a bal all d’Memberen aus hirer Trupp sinn an all Himmelsrichtunge geflücht a goufen ni méi gesinn. Dobäi haten der Aminatrix hir Optrëtter – déi nieft dem Kaarteroden, den Déieren aus dem Hutt an anere Befreiungstricker aus dem übleche Repertoire vun der Bünemagie, och mol méi gewoten Nummeren, vun der Teleportatioun bis zur Levitatioun, gewisen hunn – an all Stad an Duerf ëmmer de gréissten Erfolleg an hu Leit aus alle Schichten a vun allen Alteren ugezunn. Et war net just Zauberei, et war all owes eng Kiermes op der Bün. Bis d’Schieter am Land méi laang gi sinn an d’Aminatrix huet missten an den Exil, well et war op emol keng Plaz méi do fir Witz a Spill a Fräiheet.

An engem neie Land, a mat enger neier Trupp, wëllt d’Aminatrix elo hir magesch Wanderbün erëm opliewe loossen. Laang ass un aussergewéinlechen Zaubernummere geschafft ginn, déi haut den Owend eng éischte Kéier engem neie Publikum gewise ginn. Jo, d’Publikum huet haut den Owend déi eenzegaarteg Geleegenheet an enger oppener Prouf vun der Aminatrix hirem neien Zauberspektakel dobäizesinn.

De Problem ass just, datt déi nei kënschtleresch Ekipp nach net ganz agespillt ass an och wéineg Geschéck weist. An de  Problem ass och, datt bei der Bünemagie d’Tricker ëmmer op enger verschwommener Schwell tëscht de Welten stattfannen, tëscht Metaphysik a Mathematik, tëscht Täschespillerei an Theater. Wann eppes schif geet, kënnen d’Follgen dovu katastrophal sinn.

Mee dat soll eis d’Stëmmung den Owend net verdierwen. “Der Aminatrix hir nei magesch Wanderbün“ ass e verrécktentFest!

Vorführungstermine:

am 8., 10., 12, 14., 16., und 17. Mai 2024 um 20 Uhr