LÉON & LENA

Georg Büchner / Anouk Wagener

PREMIÈRE

16. Dezember 2026 um 20 Auer
am Kasemattentheater

WEIDER VIRSTELLUNGEN

18. Dezember 2026
& 12., 14., 15. und 16. Januar
2027 um 20 Auer
am Kasemattentheater

REGIE

Anouk Wagener

MAM

Elisabet Johannesdottir
Lis Dostert
Marc Baum
Jacques Schiltz

BÜN & KOSTÜM

Michèle Tonteling

DRAMATURGIE & CO-REGIE

Jens Bluhm

ENG PRODUKTIOUN VUM

Kasemattentheater

LU

4 Schauspiller/innen spillen d’Geschicht vum Léonce a Lena, en Theaterstéck vum Georg Büchner. Geschriwen am Fréijoer 1836. De Kinnek Péiter vum Kinnekräich Popo, wënscht sech, dass säi Bouf, de Prënz Léon - d’Prinzessin Lena vum Kinnekräich Pipi bestiit. Mee de Prënz Léon, schwéier gelangweilt vun der Welt, béckst aus. Mam Valerio, deem säi Liewen aus Iessen a Faulsinn äh Liddregsinn besteet. Si ginn zesummen an Italien. Och d’Lena leeft fort. Mat sénger Gouvernante. De Léon an d’Lena treffen sech, ouni sech ze erkennen.Si verléiwen sech an décidéieren, sech ze bestueden. Keng symmetresch, keng logesch Welt. Eng Welt voller Widersprëch. En Denken an eng Sprooch, déi sech lues a lues zersetzen. Vläicht kann een net oft genuch „Mound“ soen. E Mound, deen een ophängt, fier sech dru festzehaalen.