Plakat zu PatrIdiot mit Nora Zrika

PatrIdiot - en Aarbechtstitel

Vorführungstermine:

am 12. 13. 14. 19. 20. und 21. (ausverkauft) Oktober 2023 um 20 Uhr

mam Elena Spautz, Priscila Da Costa an Nora Zrika

Regie Corina Ostafi

Bün a Kostüm Veronika Bleffert
Sound design Priscila da Costa
Regieassistenz Sara Goerres

Eng jonk Lëtzebuerger Schauspillerin hofft, an engem Puzzle vun Erënnerungen erauszefannen, wéi vill diskriminatoresch Automatismen a rassistesch Reflexer et an enger Gesellschaft gëtt, déi hier Diversitéit ëmmer nees wéi en Joker aus dem Aarm rëselt, esou bal ee vu Xenophobie schwätzt. Tëschent engem ruppege Monni – “een Avant-Garde Rassist, deen Afrikaner an Araber gehaasst huet, nach éiert de Lëtzebuerger wousst, wat dat wier” an enger Tatta, déi “esou tolerant war, dass se och Intoleranz toleréiert huet”, fënnt si an enger lëtzebuergesch-marokkanescher Schauspillerin, déi Schwieregkeeten huet, sech an de verschiddene Figuren erëmzefannen, déi ee wäissen Auteur hier ze verkierpere proposéiert, eng Stäip.

Wärend Rietspopulismus net méi spéit ewéi lescht Joer och op de Lëtzebuerger Bestseller-Lëschten Erfolleg feiere konnt, erfuerschen d’Regisseurin Corina Ostafi an de Lëtzebuerger Schrëftsteller a Journalist Jeff Schinker, wat sech hannert oft eidele Begrëffer ewéi Heemecht an Identitéit verstoppt – a wéisou eng Auslännerquot vun iwwer 50 Prozent nach laang kee Garant fir Guttmiddegkeet an Oppenheet ass.

By doing so, they juggle between languages, enchevêtrent des récits migratoires comme autant de miroirs tendus aux stéréotypes discriminatoires und legen somit den Finger in die Wunde einer Gesellschaft, die sich hinter dem statistischen Glanz politischer Toleranz versteckt.

Autoportrait critique du Luxembourg autant que d’un monde culturel qui prêche aux convertis et parle de diversité sans réussir à trouver comment la vivre sur scène et dans les salles, pièce politique comportant maint élément de satire comme pour contrebalancer la gravité de certains récits d’exil – et parce que l’humour reste le meilleur remède contre la connerie – Partidiot se veut un coup de gueule à la fois cynique et drôle, tendre et émouvant. Car si le théâtre est impuissant à changer le monde, il se doit d’être une caisse de résonance qui l’ébranle un peu, le monde – à commencer par ses spectateur·rice·s.

Die Idee dieses Stückes entstand im Rahmen eines Projektes für Esch22, unter dem Namen "Bouneschlupp", und wurde für das Kasemattentheater weiterentwickelt und umgeschrieben.

Plakat PatrIdiot mam Nora Zrika