Anton Chekhov von Isaac Levitan 1886

Dräi Schwësteren

Vorführungstermine:

den 23. 27. 29. an 30. Abrëll an 2. an 3. Mee um 20 Auer

nom Anton Chekhov an enger fräier Beaarbechtung op Lëtzebuergesch vum Ian De Toffoli

mam Eli Johannesdottir, Anouk Wagener a Leila Schaus
Regie Daliah Kentges
Dramaturgie Sarah Rock

Eng Koproduktion vum Kasemattentheater
mat dem Kinneksbond Mamer

                
Dem Anton Chekhov säi Stéck Dräi Schwësteren zielt d’Geschicht vun de Geschwëster Prosorow, d’Olga, d’Irina an d’Mascha, déi vun engem bessere Liewen dreemen, mee et net fäerdeg bréngen, sech selwer aus hirer Onloscht a Liewensmiddegkeet erauszerappen. Deen Zoustand – sou ass d’Stéck oft interpretéiert ginn – steet paradigmatesch fir den Zoustand vu Middegkeet vun der deemoleger russescher Intelligenzia, um Ufank vum 20. Joerhonnert, kuerz virun der Revolutioun. Well obwuel déi dräi Schwëstere gebild sinn an aus enger gudder Famill kommen, där et un näischt feelt, komme si net aus engem festgefruere „Waarden op eppes Besseres“ eraus, a bekloen sech just driwwer, datt hir eege Bildung hinnen d’Liewe méi schwéier mécht. Di erhofften Erfëlltheet, duerch eng befriddegend Aarbecht, Léift, Sënn am Liewen, déi sech déi dräi Schwëstere wënschen, trëtt net an, an alles wat se maachen, schéngt hinne just onendlech ermiddend. D’Stéck beschreift d’Enn vun der Bourgeoisie, déi keng Ziler a keng Ambitioune méi huet. Och den technologesche Fortschrëtt, d’Wëssenschaft, déi ganz liberal Beweegungen déi d’Land moderniséiert hunn, sinn op emol eidel, wann et em déi onméiglech eege Selbstbestëmmung geet. Den Chekhov huet an sengem Stéck e Portrait vun enger paralyséierter Gesellschaftsschicht gemaach, déi, obwuel se a materieller Sécherheet ass, onfäeg ass, net nëmme sech selwer ze verwierklechen, mee och nach, der Gesellschaft an éierens enger Form nëtzlech ze sinn oder nei Impulser ze ginn. Si si passiv Figuren, déi midd hiren eegen Ënnergang materliewen, während d’Zukunft de Pragmatiker gehéiert.

D’Adaptatioun, déi de Ian De Toffoli vun den 3 Schwëstere mécht, ënnert der Direktioun vum Daliah Kentges an der Dramaturgie vum Sarah Rock, gräift dës Thematik op a projezéiert se op eng haiteg Generatioun vu verwinnten, embourgeoiséierten, naïv guttmënschlechen, lethargeschen a schlussendlech onerfëllte Millenials, déi, duerch hiert „Waarden op eppes Besseres“ an duerch hire Wonsch no Selbstverwierklechung, ouni awer ze wëssen wéi dës Verwierklechung soll ausgesinn – d’Ëmzéien aus der Klengstad an d’Groussstad, d’Fanne vun der grousser Léift oder der befriddegender Aarbecht, politeschen Engagement –, paralyséiert sinn. Alles wat déi dräi Schwëstere maachen, ass an d’Eidelt schwätzen. Zum Handele kommen se net. D’Spezifizitéit vun dëser Adaptatioun, ass net nëmmen, datt se op Lëtzebuergesch ass (et ass also och deelweis eng Iwwersetzung) an och zu Lëtzebuerg spillt, mee och datt se mat just dräi Personnagen auskënnt, an zwar dem Olga, dem Irina an dem Mascha, ëm déi sech déi ganz problematesch Familljesituatioun dréint. Dëst Stéck ass e Portrait vun dräi normale jonke Fraen, aus enger westeuropäescher héijer Mëttelschicht, déi, well se alles hunn, net wësse wat se mat sech ufänke sollen, an deene lues a lues kloer gëtt, datt, an der aktueller Gesellschaftskris, hiren onbeschwéierte Liewensstil op en Enn kënnt.