GLORIA Cojellico's Jangen

GLORIA vun de Cojellico's Jangen

Vorführungstermine:

e Samschdeg, de 15. Dezember 2018 um 20 Auer

D’Jangen sangen an hirem fuschneie Wanterprogramm ëmmer nach iwwer Dammen a Männersuergen? Am Virprogramm vun der grousser hell’ger Nuecht geet et ëm d’Maria, d’Engelen an … d’Gloria. Et geet ëm den Iesel, deen d’Maria muss schleefen an de Jousef, dee sech freet, vu wiem d’Këndchen dann elo eigentlech ass. Och laacht den Owi virun der Krëppchen net iwwert de Stier, deen aus dem Himmelssall gefall ass.
Am Mëttelpunkt steet awer d’Geschicht vum Jesuskëndchen, dat déi schwéier Aufgab opgeluede kritt, Erléisung a Fridden op d’Welt ze bréngen.
D’Jangen sange besënnlech, harmoniebedürfteg, heiansdo mat engem klengen  Aenzwinkeren. Nieft bekannte Chrëscht- a Wanterlidder wéi Am Uewe potert d’Feier, Aus dem Himmelssall oder Schnéiwalzer presentéiert de Lëtzebuerger Gejangssextett Neikompositiounen wéi De froue Béifchen Owi oder och manner bekannte Lidder wéi Léiwen hell’gen Zinnekleeschen an neien Arrangementer fir 5 Männerstëmmen a Piano.
Den neie Chrëschtprogramm hunn d’Jangen op der CD Gloria agesongen.


Tenéier: Raymond Majerus, Arend Herold, Georges Urwald
Bäss: Carlo Migy, Jean-Marie Kieffer
Piano: Christophe Nanquette
Arrangementer/Kompositiounen:
Jean-Marie Kieffer, Georges Urwald

GLORIA Cojellico's Jangen