Motif Fräiheetslidder

Lëtzebuerger Fräiheetslidder

Vorführungstermine:

den 8. a 15. Mäerz um 20 Auer

mam Eugénie Anselin, Jean Bermes, Nataša Grujovic,
Elisabet Johannesdottir a Georges Urwald
Konzept, Musek- an Textauswiel
Marc Limpach a Georges Urwald

eng Koproduktioun vum Kasemattentheater mam
Zentrum fir politesch Bildung

no dem Kasemattentheater och:
den 21. Mäerz am Kinneksbond zu Mamer an
den 31. Mäerz am opderschmelz zu Diddeléng
 
Besser wéi vill aner historesch Quellen kënne politesch an engagéiert Lidder d’Gefiller vun einfache Mënschen aus dem Vollek hannert den historeschen Evenementer konservéieren an ëmmer erëm frësch ausdrécken: hir Freed, hir Ängscht, hire Stolz, hiren Humor, hir Roserei an hir Trauer. Historesch Lidder erzielen dobäi net just déi offiziell Geschicht vu Lëtzebuerg, mä si erlaben och eng aner Siicht op déi Geschicht: en Abléck an d’Häerzer, d’Gedanken an d’Gewësse vun den einfache Mënschen. Lidder vun der Strooss an aus Zeitungen a politesche Revuen. Si erzielen sozial a politesch Konflikter an domat, op eng lieweg Manéier, Lëtzebuerger Geschicht vun ënnen.
 
Déi meescht politesch Lidder si Spottlidder, Kampflidder, a Lidder iwwer a vu Fräiheet an Demokratie. An dësem Programm héiere mer Lidder géint Ënnerdréckung, fir Onofhängegkeet, fräi Meenungsäusserung, Gedankefräiheet, Gläichheet virum Gesetz a sozial Gerechtegkeet. Lidder vun de Revolutioune vu 1830 an 1848, vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet, iwwert d’Emigratioun an Amerika, Lidder iwwer sozial Mëssstänn, den Antiklerikalismus, Aarbechterlidder, d’Emanzipatioun vun de Fraen, den éischte Weltkrich an d’politesch Reaktioun aus deeër Zäit, den Asaz géint d’Maulkuerfgesetz a fir d’spuenesch Republik, Lidder géint d’Nazien an aus de KZer, iwwer d’Liberatioun an d’Konsumgesellschaft nom Krich.
 
Déi Lidder gi vum Georges Urwald frësch arrangéiert an zum bessere Verständnis a kuerz Extraiten aus deemolegen Zeitungsartikelen agebett.