Affisch Mythologies

Oh du do uewen, deem seng Hand

Vorführungstermine:

den 3.(ausverkauft) 6. 9. 11. 14. a 17. Mäerz um 20 Auer

Oedipus
Medea
Phedra
Theseus

Véier Eenakter vum Ian De Toffoli, Olivier Garofalo,
Nico Helminger a Jeff Schinker


den 3.(ausverkauft) 6. 9. 11. 14. a 17. Mäerz um 20 Auer 


mam Eugénie Anselin, Nora Koenig,
Raoul Schlechter a Pitt Simon
Regie Thierry Mousset
Dramaturgie Claire Wagener
Bühn a Kostümer Peggy Wurth
Beliichtung Pavla Beranova
Video Luboš Zbranek

Koproduktioun vum Kasemattentheater mam Escher Theater, dem Kinneksbond an dem CNL

Oh... dat si véier Schauspiller, fir déi et an dëser Theaterviirstellung keng fest Regele ginn.
Fir déi al Griiche war d’Erziele vun Heldegeschichten eng Art a Weis fräi an dichteresch ob der Welt ze liewen. Dës Geschichte léieren de Mënsch, seng Stärkten a Schwächten wouer ze huelen, a virun allem seng Limiten, déi hie vun de Götter ënnerscheeden. Duerch d’Erliewe vum Myth gëtt de Mënsch eréischt Mënsch. D’Biller aus der griichescher Mythologie ginn zu Recht als Grondlag vun der europäescher Kulturgeschicht ugesinn. Besonnësch spannend schéngt déi bleiwend Aktualitéit vun deenen ale Mythen, déi duerch e Prozess vu jorhonnertelaanger Transformatioun, eis haut gläichzäiteg friem a vertraut schéngen. D’Mythe bleiwen esou déi ëmmer weider wuessend Grondsubstanz vun eisem kollektive Gediechtnes.

Well all Zäit hir eege Manéier huet, déi mënschlech Limiten ze vergiessen, brauch och all Zäit hir Erzielungen, fir eisem Gediechtnes ob d’Spréng ze hëllefen. Véier lëtzebuerger Schrëftsteller transposéieren, speziell fir dëse Projet, véier algriichesch Mythen an d’lëtzebuerger Sprooch an erlaben eis dës Erzielungen nei ze erliewen. Duerch dat vilfältegt Spill vun de Schauspiller gëtt kloer, dass d’Mythen näischt vun hirer Faszinatioun a Relevanz agebéisst hunn: am Géigendeel!

Foto Team Mythologies Vum Antoine Morin
Raoul, Eugénie, Nora, Pitt - Foto: Antoine Morin